Comeback vum Anouchka Besch
22 February 2024
Moien léif WMG – Frënn
Ech sin Anoucka Besch ,24 Joer aal an verstärken den Sturm vun der WMG .
Ech sin eng sportbegeeschter Persoun , maachen gären Kraaftsport an spillen nirft dem Fussball e.a. gären Volleyball.
Säit menger Kandheet spillen ech Fussball spillen . Ech hun ganz vill op der Strooss mat mengen Frënn gekickt an esou ass lues a lues zu menger Passioun gin.
2014/2015 hun ech dun meng éischt offiziell Saison beim SC Beetebuerg gespillt.
2014 sin ech fir Nationaléquipe nominéiert gin an mäin schéinst Erfahrung war ons éischt Participatioun un enger WM Quali .
Statiounen an menger Fussballcarrière waren e.a. SC Beetebuerg, SV Elversberg (D), ASV Wartburgia (NL) an elo WMG
Mäin sportlechen Highlight war den Gewënn vum Championnatstitel mam SC Beetbuerg an dest souguer 2 mol ( Saison 16/17 an 18/19)
Am September 2022, beim éischten Championnatsmatch mam SCB géint den Racing ,hun ech mir dun leider den 5. Mëttelfoussschank gebrach.Fazit ech hun missten operéiert gin an eng Paus war ubruecht. Am Juni 2023 hun ech dun leider missten eng weider Kéier operéiert gin déi awer gut verlaaf ass . Soubal ech konnt hun ech mat der Rééductioun ugefaangen an hun mech parallel mat Kraafttraining fit gehaalen , souguer mat Gips . Mir war et wichteg sou schnell wéi méiglech erem fit ze gin an weider Verletzungen ze verhënneren.
Des Verletzung war fir mech eng emotional Achterbunnfahrt.
Mäin Ziel war et rem op den Terrain zrëck ze kommen an dest méi staark wéi virdrun.
Lescht Woch , beim éischten Championnatsmatch vun der Rëckronn an dest géint den Racing war et fir mech en mega Erliewnis fir erem Spillminuten an engem offiziellen Match ze kréien.
Mam Wollefsruddel wëll ech elo definitiv an Playoffs kommen an Coupe Finale ze spillen giff mir enorm vill Freed maachen
Let’s go wolves ….
#eenteam