Isabel Albert , zrëck am Wollefsrudel


27 February 2024

Moien léif WMG – Frënn

Ech sinn d’Isabel Albert,genannt Isa an sinn 28 Joer aal.

Am Summer no enger Saison beim SC Beetebuerg sinn ech erem zrëck bei den Wollefsruddel komm an verstärken Mëttelfeld ewéi och den offensiv Beräich.

Ech hunn mat 7 Joer mam Fussball ugefangen an fir mech ass et deen schéinsten Sport.

Ugefangen huet alles bei den Jongen vum FC Mënsbech. Duerno sin ech bei Wuemer Dammen gewieselt. En Zwëschenstop vun enger halwer Saison hun ech dunn zu Kanech gemaach éiert et mech rem bei WMG gezunn huet. Lescht Saison ass et fir eng Saison op Beetbuerg gangen an elo hunn ech mech erem dem Wollefsruddel ugeschloss.

Um nationalen Plang war  Coupe Final mat WMG mäin schéinst sportlechst Erliewnis.

Am August 2020 sin ech fir d’lëtzebuerger Nationaléquipe nominéiert gin.

Géint Färöer Inseln hunn ech dunn mäin éischten Goal fir Lëtzebuerg geschoss.

Eng super Erfahrung war den Match géint England am Stoke City Stadium fir FIFA Women's World Cup Quali.

Elo freeën ech mech op eng erfollegräich Rëckronn bei der WMG

Bis geschwën um Terrain!

#eenteam