Welcome Lena Goedert


06 March 2024

Moien léif WMG – Frënn

Ech sinn Lena Goedert. 


Ech sinn 27 Joer al,vu Beruff Kinée a kemren mech em déi kleng Boboe vun de Spillerinnen.

Um Terrain kann ee mech an der lenker Verteidegung asetzen a suergen och emol fir deen een oder anere Goal 

Fussball spillen ech säit ech 9 Joer al sinn.Ugefaangen hunn ech beim FC Olympia Christnach. Weider Statioune waren USBC01,Victoria Rousport an den SC Beetebuerg,deen ech des Saison Richtung WMG verlooss hunn.

Nieft dem Fussball interesséieren ech mech fir Snowboarden, Surfen a Beach Volleyball.

Ech si Fan vum BVB.Zu menge Virbiller zielen e.a.de Marco Reus, Erling Haarland a Romy Gruber

E flott Erliefnis war Coupe Finale 16/17 an ech hoffe mat der WMG dëst Joer Coupe Final ze erreechen an natierlech ze wannen.

Meng Motivatioun ass Ambiance an der Equipe ,an déi ass bei de Wëllef top .

Mir sinn motivéiert a wäerten an Zukunft em den Titel spillen, dëst ass jiddefalls mäin Ziel….

Mir gesinn ons em Samsden "Op Flohr" 

Lena