Welcome Emma am Wollefsruddel


12 March 2024

Moien WMG - Frënn

Ech sinn d’Emma Thill a sinn 26 Joer al. De Moment sinn ech Doktorantin an der Eco un der uni.lu.

Ech sinn des Saison vum SC Beetebuerg bei de Wollefsruddel gewiesselt fir d’Aussenverteidegung oder de Fligel ze verstäerken.

Als Club ënnerstëtzen ech den FC Bayern München. Meng Virbiller sinn d’Chloe Kelly ewéi d’Alex Greenwood.

Nieft dem Fussball, hunn ech eng Passioun fir Outdoor Sportarten. Zum Beispill, ginn ech gär spadséieren, schwammen (zb an engem Séi), skaten, surfen an am Wanter Snowboard fueren. Als Ausgläich molen oder liesen ech gären.

Mat 4 Joer stoung ech fir d’Éischt um Fussballsterrain. De Papp vun engem vun eise Frënn huet zu Habscht eng Bambinis Equipe gegrënnt an huet mech a meng Geschwëster  op den Training matgeholl. Sou huet alles ugefaangen .                                                                                  Bis 14 Joer hunn ech zu Habscht mat de Jonge gespillt a sinn dann bei d’Dammenequipe vu Mamer gewiesselt. No e puer Joer zu Mamer hunn ech eng Paus mam Fussball gemaach an hu mäi Comeback mam SC Ell gemaach.                                                                                      Meng Studien hunn mech dunn an England gezunn. Do hunn ech mech der Equipe vun der University of Bristol ugeschloss a mat hinnen an der University League gespillt. En onvergiesslecht Erliefnis war d’Erreeche vun der Halleffinall vum nationalen Universitéitspokal an England.    

No mengem Studium sinn ech 2020 zesumme mat menger Schwëster bei den SC Beetebuerg gaang, wou ons aner Schwëster schonn gespillt huet.  Et war eng immens Saison, zumools well ech mat menge Schwësteren um Terrain stoe konnt a vill nei Frëndschaften do fonnt hunn.

Ech war och e puer Joer an der U15 FLF-Nationalequipe. Leider krut ech d’Schoul an de villen Training net ënnert een Hutt. Déi puer Kompetitiounen am Ausland, déi ech mat der Nationalequipe erliewe konnt, waren awer eng flott an onvergiesslech Erfarung fir mech.

De Grond firwat ech Fussball sou gären hunn ass dass ech beim Kicke kann ofschalten. Et kann een sech och ëmmer weider entwéckelen a bei all Spill léiert een eppes dobäi.  Ech sinn ausserdeem e soziale Mënsch a sinn dofir och gären en Deel vun engem Team. Dofir ass mäin Moto och ; “ Jeder für jeden“.                                                  

Fussball ass eng grouss Community a bréngt Leit zesummen, dofir sinn ech frou en Deel dovun ze sinn.                                                         

Dëst Gefill hunn ech och bei der WMG – et fill sech un wéi eng grouss Famill.

Ech hoffen dass mir mat onsem Teamgeescht an de Supporter déi mir hunn eis Ziler , e.a. Coupe Finale,erreeche kenen!

Emma