Welcome back , Djalissa


19 March 2024

Moie léif WMG Frënn

Ech sinn Djalissa da Veiga Moreira,sinn 18 Joer al a Schülerin. 

Bei der WMG spillen ech am Stuerm wéi mäin Idol den Didier Drogba deen e.a. bei mengem Lieblingsveräin dem FC Chelsea gespillt huet.                                                   

2019 sinn ech mat menger Famill op Maacher geplënnert , wou ech mech de Jeunes Filles vun der WMG ugeschloss hunn.                                                                                                     

Saison21/22 sinn ech bei Union Mertert/Waasserbëlleg gewiesselt a sinn mat hinnen direkt an déi éischt Divisioun opgestigen . E mega Erliefnis a menger jonker Carrière.                           

Des Saison huet et mech erëm bei de Wollefsruddel gezunn.                                   

Fussball ass meng Passioun a mécht mir vill Spaass.                                                      

Nieft dem Fussball interesséieren ech mech awer och fir Basketball a Boxen.                       

Nominatioun dës Saison an U19 huet mech houfreg gemaach. Ech hoffen op vill flott Momenter mat der Nationaléquipe an natierlech och mat der WMG .

Mir gesinn ons um Terrain

Djal