Karen @ Wolefsruddel


05 April 2024

Moien léif WMG – Frënn

 Ech sin Karen Marin,genannt Bambi  an sin 24 Joer aal.

Zënter  deser Saison gin ech fir WMG  op Goal Juegd..

Ech sin polivalent an kann e.a. och am Mëttelfeld agesaat gin.

Bis des Saison hun ech fir den SC Beetebuerg gespillt an et war Zäit fir en Changement.

Mäin Lieblingsveräin ass den FC Barcelona.

Fussball ass meng Passioun an läit mir am Blut an dest zënter ech 6 Joer aal sin.

Nieft dem Fussball interesséieren ech mech fir de Kampfsport.

En mega Erliewes war Participatioun 2017 un der Championsleague mat dem SC Beetebuerg.

Gefreet huet mech och Wahl zur beschter lëtzebuerger Spillerin an dest 2015 an 2017.

Zënter mengem eeleften Liewensjoer,war ech am FLF Nationalkader, wann och verletzungsbedengt mat esou munchen Pausen. Eng flott Erfahrung war den Tournoi mat der FLF Sélektioun zu Singapur .

Ech sin frou en Deel vum Wollefsruddel ze sin . Mir sin en gudden Grupp mat villen talentéierte Spillerinnen . An nächster Zukunft wäert nach vill iwwer  eis geschwaat ginn…..

 Ärt Karen

#eenteam