Julie ; e staarke Pilier an der WMG


09 April 2024

Moie léif WMG Frënn

Ech sinn Julie Turquet ,sinn 31 Joer al

Ech sinn Spillerin an der WMG, Formatrice bei den Pupilles vum FCK Wormer  an den U9 &U11 vun der  AS Algrange an hun nievenbei meng eege Firma hei zu Lëtzebuerg gegrënt.

Bis zum Wiessel bei WMG hunn ech bei ASBBA (Bouc Bel Air Sports Association) gespillt.

Ech spillen an der Défense , Mëttelfeld / Zentraloffensiv oder lateral , also multitasking

Meng Liblingsspillerin ass déi franséisch Nationalspillerin,Eugénie Le Sommer.

Fussball läit mir am Blutt. Ech kommen aus enger fussballbegeeschterter Famill  an da war et séier kloer , dass och ech mäin Häerz un de Fussball verléieren.

Ech spillen elo scho méi wéi 25 Joer Fussball a ka mech och fir all aner Equippesportaarte begeeschteren. Als Kompensatioun  zum Fussball , lafen ech gären.

An menger Jugend hunn ech e.a bei JS Lanvollon gepillt ( gemëschte Jugend)

Mam spontane Wiessel 2011 bei de Club „Avant de Guingamp“ ( 1 Divisoun) ass e perséinlechen Dram fir mech an Erfëllung gaang . 2013 bis 2016  hunn ech fir de Racing Club de France gespillt . Des Joren hu mir gewise wéi flott de kollektive Fussball ka sinn, wann ee soe kann „mir si Frënn“. Duerno  huet et  mech fir 2 Joer bei US Venelles gezunn  éiert ech des Saison bei WMG gewiesselt sinn.

Zil ass et e Championstitel an/oder Coupe ze gewannen an dëst op héchstem Niveau mat enger super Equipe.

WMG ass eng staark a kollektiv Equipe an ech si sécher dass si enges Daags un der Spëtzt vum Lëtzebuerger  Championnat stinn.

Ob ech dann och nach um Terrain stinn, ween weess…….

Mee haut weess ech , dass ech de richtege Choix getraff hunn op Lëtzebuerg ze kommen a mech dem Wollefsruddel unzeschléissen

Mäin Moto ass : «  Vis tes rêves ne rêve pas ta vie »                                                                                        an dësem  Sënn ,

Salut a bis geschwënn

Julie